Ëmfroe iwwert d’Scoutsaktivitéiten 2020

Léif Gruppecheftainen, léif Gruppechef,

Déi aktuell Situatioun am Kader vun der Pandemie, verleet eis als Gruppenekipp  eng Ëmfro ze starten iwwert

  • d’Geréiere vun der Kommunikatioun tëscht de Gruppen an dem Verbandsgrupp
  • e Sondage iwwert d‘ Situatioun vun de leschte Méint an de Gruppen
  • de Besoin vun de Gruppen iwwert d‘Ënnerstëtzung vum Verbandsgrupp an der Géisserei

Wéi kéinte mir iech hëllefen:

  • mat Material, wéi zB „Zelter fir Versammlungen dobaussen ze halen“
  • iech en administrative Support ubidden, wéi zB „Bréiwer schreiwen a Verbesseren“
  • informatesche Support, wéi een zB Gruppereit oder Chefversammlungen online ofhalen kann
  • oder soss eng Ënnerstëtzung, déi dir braucht, fir är Aktivitéite kënne weider duerchzeféieren

Eis soll et hëllefe mat der aktueller Situatioun besser eens ze ginn, eis Kommunikatioun géigeniwwer eise Gruppen unzepassen a wéi engem Beräich mir misste méi aktiv sinn. (Zb Onlineformatiounen, virbereet Versammlungen,… etc)

Dir hutt och ëmmer d’Méiglechkeet iech mat eis a Verbindung ze setzen. Maacht eis eng Mail a mir maachen eppes aus fir ze telefonéieren.

An der Hoffnung, datt mir eis geschwënn erëmgesinn, wënsche mir iech an äre Grupp all dat Bescht, fräi nom Motto: „eng Guide, e Scout hält duer, och wann et Krämpes kascht“.

Mir soen dir Merci, datt s du un dëser Ëmfro dellhëlls!